Léif YaM Famill,
Dezember ass ëmmer e Mount am Joer wou vill lass ass an et ass normal dass dëst och emol iwwerwältegend si kann. Trotzdem, an dem Wirbelwind vun To Do Lëschten a Chrëschtfeieren, gëtt et ëmmer nach Besonnesches an de klenge Saachen: zesummen ze laachen, eng waarm Ëmaarmung oder e Moment vun der Rou. Dës Saison invitéiere mer dech deng Präsenz als e wäertvollt Geschenk ze gesinn, wat s du der selwer oder anere schenke kanns. E léiwe Geste, e Laachen fir e Friemen oder einfach nëmmen do si fir eng Persoun, dëst kann heiansdo méi Freed beim aneren ausléisen wéi een sech vläicht bewosst ass.
Huel en déiwen Otemzuch, e klenge Moment a looss dëse Newsletter dech guidéieren duerch e bedeitungsvolle Joresofschloss.
YaM Memberships: Renew & Reconnect
Un all eis wonnerbar Member’en, all an nei, Merci. Är Ënnerstëtzung ass d’ Fundament vun eiser Community säit 2019. Ob s du säit dem Ufank dobäi wars oder erréicht viru kuerzem dobäi gestouss bass, deng Präsenz beräichert d’ YaM Famill.
Wéi all Joers hues du d’ Méiglechkeet deng Mitgliedschaft ze erneieren oder Member ze ginn wann s du nach kee bass! Mer hunn 3 Optiounen déi op deng Besoins’en zougeschnidde sinn:
YAM Starter:
10% Remise op Cours’en
60 Euros/Joer
YAM Regular:
15% Remise op Cours’en + 2 gratis Cours’en
110 Euros/Joer
YAM Devoted:
20% Remise op Cours’en + 2 gratis Cours’en + 1 gratis Yoga & Brunch mam Céline in the kitchen
210 Euros/Joer
Fir deng Mitgliedschaft ze erneieren oder Member ze ginn, fëll dëse Formulaire aus.
Du kanns Member gi bei eis, respektiv deng Mitgliedschaft erneiere, bis den 30. Januar 2025 a maach weider mat denger Yogareess bei eis fir e neit Joer vu Wuesstem.
Upcoming Events
🌞 Rise & Shine Yoga den 21. Dezember mat Potluck (ee gemeinschaftlecht Iessen, wou jidderee eppes matbréngt)
📅 Datum: Samsdes 21. Dezember, 10:30 - 12:00
📍 Location: Bâtiment 4
Start däin Dag mat enger motivéierender Rise & Shine Praxis, duerno kenne mer zesummen iessen an dem jiddereen eppes klenges matbréngt fir ze deelen. Dëst ass e schéine Wee fir als Community ze konnektéieren an der Chrëschtsaison.
🎉 Sylvester Special Yoga Cours mam Zoé bei Jivamukti Yoga Luxembourg
Begréiss dat neit Joer mat enger energiséierender souwuel als och äerdender Vinyasa Flow Praxis mam Zoé. Guidéiert vu senge verbalen Instruktiounen, wäerts du wuechtsam Beweegungen praktizéieren fir kierperlech a mental Plaz ze maachen, fir déi nei Méiglechkeeten déi dat neit Joer bereet hale mat Oppenheet ze begréissen. Maach mat bei dëser Praxis fir d’ Joer an Dankbarkeet ze enden a mat Kloerheet an Energie an dat neit ze starten.
📅 Datum: Dënschdes, 31. Dezember, 16:30 - 18:00
📍 Location: Jivamukti Yoga Luxembourg, 65 avenue de la Faïencerie, Luxembourg City
💻 Booking: iwwer d’Mindbody app – Klick hei fir ze buchen.
🍳 Yoga & Brunch Datumer 2025
Eis beléift Kollaboratioun mam Céline in the Kitchen geet och am Joer 2025 weider. Och wann s du am Moment (nach) net offiziell iwwert eis nei Website buche kanns, kanns du der awer schonn déi heiten Datumer am Agenda markéieren:
🗓️ Sonndeg 2. Februar mam Zoé
🗓️ Sonndeg 6. Abrëll mam Lissy
🗓️ Sonndeg 4. Mee mam Rey
🗓️ Sonndeg 1. Juni mam Lynn
🗓️ Sonndeg 6. Juli mam Sara
🗓️ Sonndeg 27. Juli mam Cheila
🚫 No Yoga Challenge This Year – Something New Is Coming!
Déi läscht 4 Joer, hu mer all Januar dat neit Joer ugefaang mat eiser järlecher Yoga Challenge a mer sinn esou dankbar fir jiddereen deen iwwer dës lescht Joren matgemaach huet. Dëst Joer huele mer e Schratt zeréck vun der Challenge fir eis op eppes Neies an Opreegendes ze konzentréieren: eng nei online yoga Platform!
🌐 Dat Ganzt gëtt lancéiert am Laf vum Joer 2025, mat enger Selektioun vu wuel iwwerluechte Cours’en a kuerze Praxis’en déi dech dat Ganzt Joer iwwer an denger Yoga Rees inspiréiere sollen.
✨ Bleif gespaant op Updates – mer kennen et kaum erwaarden äerch méi ze zielen!
📝 Mer plangen eng Rei interessant Workshops fir 2025 a mer wëlle gäre vun där héieren!
Fir sécher ze goen dass eis Offeren och dem entsprieche wat äerch als Community interesséiert hu mer hei e klengen Questionnaire zesummegestallt.
📩 Klick hei fir matzedeelen u wéi engen Aarte vu Workshops du interesséiert wiers am neie Joer:
💬 Däi Feedback hëlleft eis e Planning ze schaffen deen eiser Community am Meeschten déngt. Merci fir dass du der e Moment hëls fir deng Meenung mat eis ze deelen.

🌺 Final Call for the Early-Bird Price for the ALMA Retreat in Portugal!
Dëst ass deng Chance fir dech selwer ze entdecken am Abrëll 2025, eis wonnerbar teachers, Lynn a Joyce, guidéieren dech duerch en onvergiessleche Retreat, inspiréiert vun der Göttin Maya. Illusioun, Dreem an d’ Essenz vun der femininer Energie — dofir steet d’ Maya a soumat invitéiert si dech fir Schichte vun der Wahrnehmung opzeléisen an soumat däi vollstent Potential ze erreechen.
Dat Ganzt fënnt statt op enger wonnerschéiner Plaz a Portugal a gëtt der soumat d’ Geleeënheet fir:
✨ Déif an deng ënnerlech Welt anzedauche mat wuel iwwerluechte Workshops.
✨ Dech mat dengem Kierper ze verbannen unhand vun nährenden Yoga Praxis’en.
✨ Inspiratioun a Kloerheet ze fannen an der Gesellschaft vu Gläichgesënnten.
💫 Dëst ass méi wéi just e “getaway”; et ass d’ Chance alles lass ze loosse wat s du net méi brauchs, grouss ze dreemen an d’ Energie vun der Transformatioun ze begréissen.
📅 Plaze si limitéiert, and den early-bird präis ass gläich eriwwer.
💻 Fir Details an deng Plaz ze sécheren, Klick hei.
⏳ Verpass dës Geleeënheet net fir déif ze konnektéieren mat der selwer an der Natur an engem wonnerschéinen Setting.
Am Spirit vun Aparigraha: Bewosst Schenken dës Chrëschtsaison
An der Yoga Philosophie invitéiert eis d’ Konzept vun aparigraha – de Prinzip vum net-Usammelen oder vun der Non-Possessivitéit – eis onnëtzlech Saache lasszeloossen an eng Attitude vun Zefriddenheet, mat dem wat een huet, ze kultivéieren. Dëst heescht awer net dass mer eis selwer oder denen, mat dene mer frou si, keng Freed erlaben, mee vill éischter heescht et dass mer d’ Liewe mat Bewosstsinn, Balance an Intentioun eruginn.
Wärend der Chrëschtsaison spillt Konsum oft eng zentral Roll, aparigraha encouragéiert eis eng Paus ze huelen an ze reflektéieren: Sinn dës Geschenker bedeitungsvoll? Entspriechen se menge Wäerter? Kéint den Akt ze schenken och iwwer materiell Objets’en erausgoen an och eis Zäit, Energie a Léift beinhalten?
Hei sinn e puer Iddien wéis du aparigraha an dëser Saison konkret ëmsetze kanns:
Schenk Bewosst: Denk un Erfarungen, handgemaachten Objets’en oder Geschenker mat enger Geschicht hannendrun. E lokal verschafft Produkt oder och e Bréif vum Häerz huet oft méi eng grouss Bedeitung wéi eppes wat an der Mass produzéiert gëtt. Bei Devï ginn et vill schéin Eenzelstécker déi mat Hand a Léift verschafft goufen.
Shop Bewosst: Ënnerstëtz lokal Handwierker a kleng Betriber, géi op en alternativen Krëschtmoart wéi den Vegan Christmas Market de 14. an 15. December am Centre Culturel zu Bouneweech oder de Weltbutték zu Esch. Dës Akeef hunn méi e groussen Impakt op Communities a sinn och méi nohalteg.
Begréiss Nohaltegkeet: Wisou net emol e Second-Hand Cadeau wéi Vintage Moud oder aner eenzegarteg Funder. Sief kreativ am Cadeau verpaken an deems du Cadeauspabeier nach eemol benotz oder vläicht op alternativen zeréck gräifs wéi Stoff oder Schaler.
Deng Präsenz ass däi Geschenk: Verbréng Quality Time mat denge Léiwsten, proposéier deng Hëllef enger Persoun déi et grad brauch oder deel einfach e léift Wuert oder e Laache mat engem. Kleng Geste vu Konnektioun kennen e groussen Impakt hunn op anerer.
Cadeaue solle keen Ausdrock vun Exzess sinn: et kann och eng einfach Aart a Weis si Momenter vu Wuelbefannen ze deelen. Dowéngst hu mer dëst Joer Yoga am Minett Gift Cards als Alternativ zu traditionelle Geschenker. An dems du engem Yoga schenks, schenks du engem d’ Geleeënheet sech ze entspanen, ze wuessen an sech mat sech selwer ze verbannen. Op et fir een ass dee grad erréicht seng Yoga Rees starte wëll; oder fir een dee seng Praxis verdéiwe well, dës gift cards kennen eenzel Cours’en sou wéi och Bundles sinn. Bass du interesséiert? Maach eis e Mail hei: hello@yam.lu
Aparigraha erënnert eis drun dass et an de Feierdeeg net onbedéngt drëms geet wéi vill ee gëtt, mee virun allem wéi vill mer eis verbanne mat aneren. Wa mer eise Fokus vum Usammelen u Saache shiften op d’ kultivéieren vu Bezéihungen mat aneren an Erfarungen, sou beräichere mer déi ronderem an och eis selwer. Mer wënschen der dass dës Feierdeeg geprägt si vu bewosster Freed, wou Einfachheet a Guttheet am Virdergrond stinn.




Saisonaalt Rezept: Rout Rommel Fregola Sarda ‘Risotto’ vum Jerry
Dëse vibrante Plat mat senge schéine Foarwen, kreéiert vun eiser Retreat Kächin Jerry, ass en Zesummestousse vu saisonalen Geschmäcker a bewosstem Iessen. Mat Zutaten déi een an dëser Joereszäit ganz einfach fënnt, zum Beispill am Escher Geméisgaart, ass dëst eng perfekt Aart a Weis fir Nohaltegkeet ze genéissen an deems ee seng Geschmaachsnotte verwinnt.
Fregola Sarda Rout Rommels ‘Risotto’(3–4 Portiounen)
Zutaten:
Fir de Risotto
540g rout Rommelen (réi)
2–3 Schallotten oder Ënnen
5 Zéiwen Knuewelek (oder méi wanns du et gär hues!)
1 grousse Läffel Tomate Purée
1/2–1 grousse Läffel Paprika Pudder
1/2 grousse Läffel Balsamico Esseg
750ml Waasser
Salz
Fir ze servéieren
E Flapp Yogurt (einfach oder mat geraaspeltem Knuewelek, Salz, an Harissa fir e klenge Kick)
E Sprëtzer Balsamico Esseg oder Crème
Geröstet Piniekären
Optional grénges: gréng Zalot oder Kraider (Koriander)
Methode:
Preparéier deng Zutaten:
Schiel a rapp d’ rout Rommelen, da lee se op d’ Säit. Hack d’ Schallotten an de Knuewelek.
Sautéier d’ Schallotten an de Knuewelek:
Erhëtz Oliven Ueleg an enger Casserole an op klenger bis mëttler Hëtzt kanns du d’ Schallotten ubroode bis se mëll an duerchsichteg sinn. Gëff de Knuewelek dobäi an vermësch alles kuerz mateneen.
D’Basis vum Risotto:
Gëff den Tomate Purée dobäi an de Paprika Pudder bis et gutt vermëscht ass. Bréng d’ rout Rommel bäi a vermësch alles gutt, an dems du et kuerz ubroots. Falls et ze dreschen ass, gëff nach e bëssi Olivenueleg dobäi.
Kach d’ Fregola Sarda:
Gëff d’ Fregola Sarda dozou an dem Mix an da lues a lues kanns du d’ Waasser dobäi ginn an deem s du permanent réiers. Fänk u mat ongeféier 200ml Waasser a sou bal dëst absorbéiert ass, gëff Neies dobäi. Vergiess net gutt dran ze réieren sou dass de Risotto eng cremesch Konsistenz kritt.
Würzen:
Gëff Salz dozou an e Sprëtzer Balsamico Esseg. Du kanns et nach no Beliben würzen mat Salz a Peffer. D’ Fregola Sarda soll duerch sinn awer e klénge Bëss soll se hunn. Falls et néideg ass, gëff nach e wéineg Waasser dozou bis du deng ideal Konsistenz hues.
Zerwéier:
Mat engem Läffel kanns du d’ Fregole Sarda an Zoppentelleren zerwéieren. Du kanns dëst gäre garnéieren mat engem Flapp Yogurt, gerösteten Pinienkären an nach engem klenge Sprëtzer Crema di Balsamico. Du kanns de Plat gäre mat e frësche grénge Kraider garnéieren wanns du der grad hues.
Dëst Geriicht ass e leckeren Reminder dass bewosst Iesse béid nohalteg an enorm lecker ka sinn! E gudden Appetit!
Last but not least,
Ganz geschwë kennt en ausféierlechen Update zu eisem neie Booking System deen ab Januar 2025 ulafe wäert.
Mee fir elo emol, merci dass du dëst Joer besonnesch gemaach hues.
Déi ganz YaM Equipe wënscht der en Dezember gefëllt mat Wuechtsamkeet, Verbonnenheet a Wäermt. Looss eis zesummen an dat neit Joer goen, geäerdet an der Léift an Dankbarkeet.
Mat Léift a Luucht,
Sally, Zoé & d’YaM Team