YAM IS BACK (LU version)
No enger erfreschender Summer Paus, si mer neess do—a méi wéi je virdrun!
Léif YaMies,
No enger erfreschender Summer Paus, si mer neess do—a méi wéi je virdrun!
Mer hunn hart geschafft hannert de Kulissen, an dem mer äre Feedback aus eiser Ëmfro méi fréi am Joer eescht huelen a mer si sou frou matdeelen ze kennen dass mer vill nei Updates op eisem Planning hunn! Den Oktober ass den Start vun engem Neiufank mat neie Cours’en, Events a Workshops fir den Yoga Reess ze beräicheren.
Deepen Your Practice Retreat 2024 © Daniel Oliveira Carneiro
Léif YaMies,
No enger erfreschender Summer Paus, si mer neess do—a méi wéi je virdrun!
Mer hunn hart geschafft hannert de Kulissen, an dem mer äre Feedback aus eiser Ëmfro méi fréi am Joer eescht huelen a mer si sou frou matdeelen ze kennen dass mer vill nei Updates op eisem Planning hunn! Den Oktober ass den Start vun engem Neiufank mat neie Cours’en, Events a Workshops fir den Yoga Reess ze beräicheren.
✨ Nei wöchentlech Cours’en
Vinyasa Flow mam Steffi
📅 All Donneschdeg, 17:00 - 18:00
📍 Bâtiment 4
E Cours wou d’ Beweegung vun der Otmung geleet gëtt, ideal fir e langen Dag auskléngen ze loossen.
Sunday Rise & Shine mat Teacher Rotatioun
📅 All Sonndeg, 11:00 - 12:00
📍 Bâtiment 4
Erwäch däi Kierper a Geescht mat enger Praxis déi der Energie fir den Dag schenke wäert.
Voice It Class mam Diana Dobrescu (Dance Divine)
📅 All Sonndeg, 17:00 - 18:00
📍 Bâtiment 4
Entdeck d’ Kraaft vun denger Stëmm an dësem eenzegaartege Cours wou s du Kierper Otem a Sound op spilleresch Aart a Weis zesumme bréngs.
Vinyasa Flow mam Zoé Galassi
📅 All Sonndeg, 18:00 - 19:15
📍 CTFR, 17b chemin de fer Bertrange
En äerdenden Flow fir d’ Woch gemittlech a kraftvoll ze beenden.
Samsdeg Rise & Shine Update
Mer hunn de Samsdeg Rise & Shine Cours op 90 Minutte verlängert! Déi nei Auerzäit ass vun 10:30 - 12:00, fir der nach méi Raum ze ginn fir deng Praxis ze verdéiwen.
Deepen Your Practice Retreat 2024 © Daniel Oliveira Carneiro
🍽 Yoga & Brunch ass zréck!
Mer freeën eis matdeelen ze kennen dass mer neess all Mount e Yoga & Brunch ubidde kennen! Eisen éischte Brunch fênnt Sonndes den 27. Oktober beim Céline in the Kitchen hei zu Esch statt. Mer kéinnten eis keng besser Partnerin fir dësen Event virstellen, wou der äerch vum Céline senge Kachkënscht verwinne loosse kennt noo enger gudder Yoga Session!
🕉️ Sonndes Workshop mam Lynn and Joyce – 20. October
Maach mat bei engem verdreemtenen Noomëtteg inspiréiert vun der Göttin Maya—Symbol fir Illusioun, Dreem a weiblech Energie. De Workshop fänkt un mat enger Bhakti Yoga Sequenz fir dech mat denger kreativer a verspillter Säit ze verbannen, gefollegt vun enger Yoga Nidra Session fir dech an e friddlech a verdreemten Zoustand ze bréngen. Zum Ofschloss e gemittleche Moment fir deng ganz Erfarung op engem Bild festzehaalen an deng Dreem zu Liewen ze bréngen.
📅 20. Oktober
⏰ 14:00 - 16:30
📍 Bâtiment 4
Dëse Workshop ass perfect fir all Niveau an all Material gëtt de Participants’en zur Verfügung gestallt. Et ass e Virgeschmack op eisen Alma Retreat a Portugal am Abrell 2025.
🌟 ALMA Retreat: Reawakening the Creative Spirit
📅 5. - 11. Abrëll 2025
📍 Moinho Calmo, Portugal
Dauch an an Kreativitéit a Beweegung wärend eisem seelevolle Retreat a Süd Alentejo, Portugal. Dëse Retreat bitt d’ Méiglechkeet fir opzetanken, de Kierper a Geescht mat Yoga, Konscht, Musék, Spadséiergäng op der Küst a villes méi ze verwinnen. Ob s du duerch eng Yoga Sequenz flows oder entspaans beim Stärekucken an der Nuecht, dëse Retreat erfrëscht däi Geescht an hëlleft der däi kreatiivt Potential kennenzeléieren.
🛏️ Early Bird Prices (bis 30. November, 2024)
Eenzel Zëmmer (Privaat Buedzëmmer): 1490€
Duebelzëmmer: 1210€
Dräier Zëmmer: 1130€
Sécher deng Plaz mat engem 450€ Deposit (non-refundable). Limitéiert Plazen
Mell dech elo un a maach dech op d’ Reess vum Selbst Ausdrock a kreativem Erwaachen.
💫 Kollaboratioun mam Frank Gutenkauf 💫
Ebenfalls freeë mer eis eng nei Kollaboratioun unzekënnege tëscht dem Fränk Gutenkauf a Yoga am Minett. Du kanns ab elo seng Cours’en am Cabinet buchen iwwer Fitogram. D’ Präisser sinn déi selwecht an du kanns däi Bundle och fir folgend Cours’e benotzen.
Méindes: 09:00 - 10:00 Ecole de dos
Dënschdeg: 19:45 - 20:45 Fascia Yoga
Mëttwoch: 08:30 - 09:30 Ecole de dos
Iyengar Yoga Workshop – 12.-13. Oktober 2024
Mer freeën eis Reklamm ze maachen fir en Iyengar Yoga Workshop geleet vum Constantinos Giannetakis, am Cabinet Gutenkauf. Constantinos, en dediéierten Iyengar Yoga Schüler säit 1992, wäert Participants’en duerch e Verständnis hannert d’ Anatomie a Physiologie vu Backbends leeden.
🗓️ 12. October: 13:00 – 16:00 / 17:00 – 19:00
🗓️ 13. October: 12:00 – 15:00 / 16:00 – 18:00
💶 Präis: 170€
📍 Venue: Cabinet Gutenkauf, Esch-sur-Alzette
Fir dech unzemellen schreif un: iyengar.lu@gmail.com
Dat heiten ass keen YaM Event mee mer si frou et ze ënnerstetzen a Reklamm ze maachen iwwer eisen Event.
🎨 Creative Days am 1535 Creative Hub – 13. Oktober
An zu gudder Läscht si mer esou opgereegt fir äerch eis nei visuell Identitéit offiziell ze showcasen zesumme mat neiem Merch um Creative Days Event am Büro vun eisem Grafik Designer Kousca. Komm laanscht Sonndes, 13. Oktober am 1535 Creative Hub zu Déifferdeng fir moien ze soen an ze gesinn u wat mer déi läscht Méint fläisseg geschafft hunn!
Mer kennen et kaum erwaarden all dës nei Offren mat der ze deelen! Wéi ëmmer kanns du d’ Cours’en an d’ Workshops iwwer eis Website buchen. Sief gespaant op weider Updates a mer gesinn eis gläich op der Matt!
Mat Léift a Liicht,
Zoé & d’YaM Team
Emile Hengen, 2024 ©