YAM'S yummy November Newsletter -LU version
Léif Yammies,
Mir hoffen, datt dëss Newsletter dech a gudder Energie a Gesondheet fënnt. Och dëse Mount ginn mer nees op d'Magie vum Yoga an. Wéis d’et scho gemierkt hues, ginn d'Deeg méi kuerz an d'Loft gëtt ëmmer méi frësch. Dofir ass et wichteg no eisem Kierper ze kucken, mais awer och no eisem mentale Wuelbefannen - déi duerch eng transformative Praxis vum Yoga a Community erlieft gëtt.
D’Praxis vum Mount - Magic 10 from Jivamukti Yoga
Dëse Mount si mir frou dir d'"Magic 10" Praxis vun der Jivamukti Method virzestellen. Entwéckelt vum Sharon Gannon a David Life, Jivamukti Yoga ass eng mächteg Mëschung vu kierperlechen a spirituellen Elementer. D'Magic 10 Sequenz ass e präzis awer mächtege Wee fir Ären Dag mat engem Gefill vu Gläichgewiicht a Kraaft unzefänken oder ofzeschléissen. Et ass einfach ze léieren a weider ze entwéckelen, et kann als Praxis eleng benotzt ginn an och als Opwiermung fir eng méi déif Praxis.
Rezept vum Mount - Vegan Pumpkin Chocolate Chip Cookies vum Lynn
D'Lynn, ee vun eise beléifte Memberen an Teacher huet eis säi geheimt Cookie Rezept gedeelt perfekt fir op denger Yoga Rees ze genéissen. Dës Kichelcher sinn net nëmmen e schmackhafte Genoss, se sinn awer och voll mat gesonden Zutaten. Klick de Link ënne fir d'Rezept ze gesinn! Kann perfekt mat Sally's Masala Chai vun der Oktober Newsletter gemëscht ginn!
Buch vum Mount - "Yoga While You Wait" vum Judith Stoletzky a vum Joyce recommandéiert
Erweider däi Wësse mat "Yoga While You Wait" vum Judith Stoletzky, eist Buch vum Mount recommandéiert vum Joyce! Taucht an d'Säite vun dësem Buch, an entdeckt wéi Yoga an dengem Alldag sech iwwerschneit. Entdeckt wéi s du Yoga an all Moment vun déngem Dag integréiere kënnt, egal ob s du grad an enger Schlang stees, oder just eng Taass Téi genéiss.
Teacher Introduction - Léier d’Marion kënne léieren
Mir si houfreg drop d'Marion virzestellen, eis engagéiert a passionéiert Yoga-Teacher wat zënter e puer Joer en Deel vun der YAM crew ass. D'Marion bréngt e Räichtum un Erfarung an eng déif Verbindung mat der Praxis vum Yoga. Hat leed mat Empathie, a mécht all Klass eng eenzegaarteg an transformativ Erfarung. Dir fannt dem Marion seng Klassen de ganze Mount op eisem Zäitplang, also verpasst net d'Chance mat him e Cours ze huelen.
“Hallo, léif Séilen! Ech sinn d'Marion, zertifiéierte Vinyasa Yoga Proff, an ech si begeeschtert e klengt Stéck vu menger Welt mat Iech ze deelen. 🧘♀️ Am Alldag sinn ech Bauingenieur mat engem Doktorat am Feier Engineering. Wann d'Sonn ënnergeet an ech d'Yoga Matte raushuelen, leeden ech dynamesch Flows, déi Ärem Kierper a Séil gutt dinn! 🔥
Yoga ass mäin Hellegtum, meng Quell vun Inspiratioun, an den Anker, dee mech roueg a geäert hält wann d’Liewe mol hektesch gëtt. Ech kann et kaum erwaarden Iech ze hëllefen dat selwecht Gefill vu Kraaft a Rou ze entdecken. 🦁 Ech si Léif als Stärenzeechen, hunn also als Feierzeechen eng grouss Passioun fir alles wat Aktioun huet - Power Yoga, Surfen, Kaffi a Nuddelen! Anhjo an nach eppes, hunn ech scho mäin organiséierte Chaos erwähntt? Mäi Liewe ka impeccabel strukturéiert sinn, awer mäin doheem ass e schéine Bordell. 🏡🤪
Gitt mat mir op dëser Rees, a loosst eis Harmonie a Gläichgewiicht souwuel op wéi och vun der Matte kreéieren. Ech kann net kaum erwaarden d'Magie vum Yoga mat Iech ze deelen! ✨
lights and photo by sifa
Playlist vum Mount - Dem Marion seng harmonësch Vibes
‘Get into the groove’ mam Marion senger speziell zësummengesatener Spotify Playlist fir eis Gemeinschaft. Dës handgewielte Tracks wäerten net nëmmen deng Praxis verbessere mais awer och deng Verbindung mam Kierper an Otem. Stream d'Playlist elo duerch dëse LINK.
-
Wéi mir zesummen op dëss Yoga Rees ginn, hoffe mir datt s du dech drun erënners datt eis Community eng Quell vun Ënnerstëtzung, Inspiratioun a Wuesstem ass. Mir freeën eis mat Iech all dëse Mount Yoga ze machen, ze léieren a wuessen.
Mir wënschen dir en harmoneschen an transformativen Mount gefëllt mat Fridden, Léift a Yoga.
Déng YAM Ekipp.